39F6683C-BF37-45C8-A730-D424B663DEF5
Dein Mindfulness-Event am: 10. Mai 2026

Zréck zu dir – Alles fänkt mat dir un

Fann zréck bei dech an d’Rou an dir – e Fraekrees fir erëm a Verbindung mat denger Wourecht, dengem Kierper an dengem Häerz ze kommen. Mat Achtsamkeet, Austausch a gemeinsamer Präsenz schafe mir e Raum fir Lichtegkeet, Regulatioun an nei Ausrichtung. E klengen, intime Grupp am Liewenshaus zu Wormeldange. 💛

Sonntag, 10. Mai
10.00 Auer Uhr
Liewenshaus
6 Stonnen
Preis: 222€
Event in: 4 Wochen

Alle Details: Zréck zu dir – Alles fänkt mat dir un

Fraekrees am Liewenshaus – Zréck zu Dir Alles fänkt mat Dir un

Zréck zu dir

Et gi Momenter am Liewen, an deenen alles hart an intensiv ass am Baussen, a mir vergiessen wéi lues a kloer et am Fong an ais selwer ka sinn.

Dëse Fraekrees ass eng Aluedung.

Eng Aluedung erem bei dir unzekommen.

An dengem Kierper. An dengem Haerzen. An denger Wourecht.

Wat erward dech?

✨ Een achtsame Sënnesspazéiergang,     deen dech erem spiere léisst.

✨ A Verbindung kommen mat deem wat ais dréit an ennerstetzt.

✨ Léier wéi d’Achtsamkeet wierkt an huel dai Kierper als Frënd un.

✨ Zesummen d’Emotiounen & d’Gedanke reguléieren

✨ Mir machen ee Raum op vir Vertrauen, Lichtegkeet an eng néi Ausrichtung.

✨ Looss dain Haerz beréieren an erliew d’Magie vum Grupp. Fill dech gesin & opgefangen wëssend dass du net aléng bass.

Mir iessen zu Mëtteg zesummen an all Mensch dierf eppes mathuelen vir zesummen ze deelen.

📍 Wou? Am Liewenshaus zu Wormeldange

📅 Wéini? Sonndes den 10.05.2026 vun 10:00 – 16:00

✨ Energieausgleich: 222€

Du brauchs soss naischt weideres mat zebréngen. Natierlech dierfs du awer alles mat bréngen wat dir wichteg ass.

Dee Krees ass vir dech wanns du spiers – et ass Zeit vir zréck bei mech ze kommen 💖

D’Platze si begrenzt. Mir sinn ee klengen intime Grupp.

Wanns du wells dobei sinn, da mell dech beim Nathalie oder bei mir.

Mir fréeën eis dësen Dag mat Dir ze verbréngen 💖

Ganz vill Léift & Magie 🌸

Nathalie & Bonnie

Lade Deine Freunde ein:

Impressionen:
Oder vereinbare einen ganz persönlichen Termin!

Weitere Mindfulness - Events

Zréck zu dir – Alles fänkt mat dir un
Lass uns miteinander sprechen:

Formular Anmeldung
Ich freue mich auf Dich!

Deine Eventanmeldung
Zréck zu dir – Alles fänkt mat dir un

Formular Eventanmeldung
Ich freue mich schon auf Dich!